HansHaff

HansHaff

Eisen Haff leit an dem klengen Duerf Boukels an der Gemeng Géisdref. Mir sinn e modernen Mëllechveihbetrib an der 3. Generatioun mat +/-70 Kéi, plus Opzuucht. Mir leeën vill Wäert ob d’Gesondheet an d‘Wuelbefannen vun eisen Déieren.
Bei eis um Haff wunnen verschidden Déieren: Päerd, Kanéngercher a Mierschwéngercher, Hénger, Geessen, Kazen an eis Muppen.

Mir bidden verschidden Aktivitéiten passend zu den Joreszäiten iwwert dat ganzt Joer un. Bei eisen Aktivitéiten leeën mir vill Wäert drop, datt den Kanner d’Landwirtschaft, Bewosstsinn fir eis Ëmwelt an och Produktioun vun eisen Liewensmëttel ob eng spilleresch Aart an Weis vermëttelt gëtt.

Bei all den Aktivitéiten gëtt et vill neies ze entdecken an dobäi ginn gläichzeiteg eis 5 Sënner ugereegt.

Adresse
3, am Aale Wee
L-9637 Bockholtz
Web
https://hanshaff.lu/
Kontakt
info@hanshaff.lu

Unterrichtsmaterial von diesem Partner